Telemedicine

You are here: Blog / Telemedicine
Telemedicine - Meopin Telemedicine - Meopin

Play Video

An d'Zukunft mat Telemedizin

elemedizin ass d'Äntwert op d'Bedürfnisser an d'Erwardungen vun de Patienten an den Mediziner.

Meopin proposéiert Iech elo den Outil, fir dës Erausfuerderung unzehulen.

Sou funktionéiert et

Äre Konto ariichten

Dir stellt Ären Kalenner an a definéiert den Ufank an d’Enn vun Äre Aarbechtszeiten. Dir kënnt d’Zeiten während dem Daag oder ganz Deeg blockéieren, wann Dir keng Rendez-vous’en wëllt unhuelen. D’Patienten gesinn nëmmen déi verfügbar Zeiten, déi Dir festsetzt. An Ärem Profil kënnt Dir Är Patienten iwwer Är Qualifikatioun, Ärt Fachwëssen a Är bevorzugt Servicer informéieren, wat eng besser Ofstemmung am Virfeld méiglech mecht.

Demanden vun Patienten fir en Rendez-vous unhuelen

De Patient klickt op Ären Kalenner a reservéiert mat engem Klick en Rendez-vous, beschreift kurz den Zweck vun der Konsultatioun an bezuelt den ganzen Preis vun Ären Honorairen. Dir kënnt de Rendez-vous elo unhuelen oder refuséieren. Dann gëtt de Patient iwwer Är Entscheedungen informéiert. D’Patienten kënnen een Termin net ofsoen: Nemmen den Mediziner huet dës Méiglechkeet, an d’Patienten kënnen an dem Fall e neien Datum reservéieren.

Mat Ärem Patient an Kontakt trieden

Zu der geplangten Zeit verbënnt sich den Patient mat Ärer Plattform (max. 10 Minuten virun der festgesatener Zäit). Dir gesidd, datt de Patient online ass. Dir kënnt elo mat dem Patient an Kontakt trieden. Amplaaz vu Video kënnt Dir och decidéieren, mat dem Patient einfach am Audio-Call ze schwätzen oder am Chat schrëftlech Noriichten auszetauschen. Dir hutt zu all Moment en Iwwerbléck iwwer den Dossier vom Patient. Dir kënnt mat Ärem Patient Dokumenter austauschen (z.B. Ordonnancen, medizinesch Biller).

Profitéiert vun Vertraulechkeet an individueller Kommunikatioun

All Konsultatiounen si verschlësselt. Äre Kontakt mat dem Patient respektéiert d’Vertraulichkeet. E-Mailen kënnen mat Patienten ausgetaauscht ginn an Är Dokumenter an dem virtuellen Patientendossier ofgespaichert ginn. All Rendez-vous’en ginn automatësch an Äre perséinlechen Kalenner integréiert.

Är Virdeeler

Bleiwt a Kontakt mat Ärem Patient

Konsultéiert Äre Patient vun doheem aus oder op Reesen. Sou kënnt Dir Är Zäit optimiséieren an déi gesamt verfügbar Zeit benotzen fir Patienten ze weisen, datt Dir Iech em sie këmmert. Rationaliséiert Är Aktivitéiten. Huelt Iech méi Freiraum eraus.

Vermeid No-Shows. Loosst Iech direkt bezuelen.

Déi Patienten, déi net physesch op en Rendez-vous kommen, sinn e wierkleche Problem an verschwenden Är Zäit. An der E-Consultatioun bezuelen d'Patienten am viraus, bei der Demande vum Rendez-vous.

Kritt Accès op eng gréisser Grupp vu Patienten

Dir sidd net méi un en Standort fir Är Praxis gebunden. Dir kënnt och durch nei Méiglechkeeten nei Patienten kréien. Dobei huelt Dir Är Patienten nëmmen un, nodeems sie Iech hieren Problem beschriwwen hunn.

Huelt d'Erausfuerderung un

Weist Äre Patienten, datt Dir interesséiert sidd, hinnen digitale Léisungen fir hir Versuergung ze rméiglechen. Dir féiert den Zuuch un. Op all Fall wärt d'Zäit fir Telemedizin kommen.

Präis

E-Consultatioun & Meopin Silver - 149 EUR / Mount

Dëse Pak begreift: (1) Meopin Telemedizin-Tool, genannt e-consultation, powered by Remed-e, (2) eng SilverProfilseit bei Meopin (webbaséiert Plattform & Appen), mat där Dir Iech matz folgenden Informatiounen präsentéirt : (a) Numm, b) Adress, (c) Telefon, (d) E-Mail, (e) Fachgebieder, (f) Schwéierpunktleeschtungen, (g) aner Servicer, déi Dir ubidd.

E-Consultation & Meopin Gold - 199 EUR / month

Dëse Pak begreift: Meopin Silver + (h) Beschreibung, woran Dir Iech vun aneren Kollegen ënnerscheed (Sproochen, perséinlech Erklärung, Pflegephilosophie, Biographie, Ausbildung, Statiounen no dem Diplom, Memberschaften, Spriechstonnen, Websäit, Erfahrung, Versecherungspläng, Klinikzugehéieregkeet).

E-Consultatioun & Meopin Premium - 249 EUR / Mount

Dëse Pak begreift: Meopin Silver + (i) Biller & Videoen.

Aktioun bis zum 30 September 2019

1 Joer Abonnement = 10 Méint bezuelen 2 Méint gratis

Keng Arichtungsfrais'en. Gratis technesch Hëllefstellung.

Bei dësem Pak spuert Dir € 69 / Mount géintiwer dem normalen Präis. A bis zu 600 € insgesamt fir d'Joresabonnement.

De Präis ass e monatleche Betraag. D'TVA gëtt ggf. derbeigerechent.

Interesséiert?

Huelt Kontakt mat eis op. Mir ginn Iech all weider Informatiounen.

powered by Typeform